Nicolas Brücher (1874-1957)

Den Nicolas (oder Nikolaus) Brücher, gebuer den 29. Juli 1874 zu Elveng, an do gestuerwen den 2. Juli 1957, war e Lëtzebuerger Kierchemoler.
Seng Ausbildung als Kierchemoler krut de Brücher zu Kevelaer. Konscht huet hien um Institut Supérieur des Beaux-Arts zu Antwerpen studéiert. Hien huet zäitliewens am soug. 'Nazarenerstil'  gemoolt.

Als Kierchemoler war hien ausser zu Lëtzebuerg och a Polen, bei ë. a. der Kathedral vu Plockan de Kierche vun Drzicim, Swornegace a Wiele, an a Russland aktiv.

[Hien huet de Chouer vun der Kierch an der Fiels gemolt.]

[Source : Wikipedia]