Charles Arendt (1825-1910)

De Charles Arendt, gebuer de 15. Mäerz 1825 zu Veianen, a gestuerwen den 21. November1910 zu Lëtzebuerg, war Staatsarchitekt fir Lëtzebuerg an Auteur vun iwwer 130 Publikatiounen, virun allem iwwer architektonesch a konschtgeschichtlech Themen. Seng Wierker huet hien op Franséisch mat Charles Arendt respektiv mat Jean Venceslas-Charles Arendt ënnerschriwwen, op Däitsch mat Karl Arendt.
De Charles Arendt huet vun 1846-1849 zu Bréissel a München studéiert a gouf 1850 zum Distriktsarchitekt fir Gréiwemaacher an 1858 zum Staatsarchitekt ernannt. Hien hat déi leschtgenanntFunktioun bis zu senger Pensioun, 1898.
De Charles Arendt war staark ageholl vun der Neigotik an eng ganz Rei vu Kierchen a Kapellen, déi hien entworf huet, droen nach haut säi Stempel. Am Ganze sinn ënner senger Supervisioun 78 Kierchen an den Diözese Lëtzebuerg, Tréier, Nanzeg an Namouer gebaut ginn. Dobäi koumen eng 130 Profanbauten.
Och eng sëlleche Restauratioune vun historesche Gebaier huet hien ausféiere gelooss, dorënner déi vun der Ruin vun der Buerg Veianen an déi vum Dënzelt vun Iechternach, d'Justizkräizer vu Wolz an der Fiels, d'gotesch Kierche vun Nidderwolz, Waldbriedemes an Holler, d'Gräinskapell an eng Rëtsch Statuen, Fresken oder Altär.

De Charles Arendt huet och eng 160 Artikelen oder Monographië geschriwwen; sief et iwwer archeologesch Ausgruewungen,bei deenen hie matgeschafft huet, historesche Beschreiwungen oder philosopheschen Iwwerleeungen. Hie war President vum Verschéinerungsveräinvu Veianen a Member am Eifelveräin, an huet deementspriechend villes iwwer seng Heemechtsstad publizéiert.

[Source : Wikipedia]